Freitag, 27. August 2010

LËTZEBUERG, POLITIK,GESCHICHT

Lëtzebuerg, offiziell d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, ass e Land an Europa, dat tëschent Däitschland, der Belsch a Frankräich läit. Et huet eng Fläch vun 2.586 km² a ronn 494.000 Awunner. Lëtzebuerg ass Member vun der UEBL, dem Benelux, der Europäescher Unioun, der OECD an der NATO.

Geschicht
Grofschaft, dann Herzogtum Lëtzebuerg
Ëm d'Joer 963 (den Datum ass ëmstridden) , huet den Ardennergrof Siegfried mat der Abtei Sankt Maximin vun Tréier Lännereien zu Feelen géint de Bock, op deem e spéitréimescht Kastell mam Numm Lucilinburhuc stoung, getosch. Do ronderëm huet sech d'Stad Lëtzebuerg entwéckelt, an d'Haus Lëtzebuerg huet sech zu enger Grofschaft etabléiert.

1354 ass d'Grofschaft Lëtzebuerg mat hiren "Annexen" (Durbuy, La Roche, Arel, asw.) zu enger neier Entitéit gemaach ginn, an zwar zum Herzogtum Lëtzebuerg. Nieft deem Herzogtum, dat bis 1794/95 gedauert huet, koum nach d'Grofschaft Chiny an de Besëtz vum Haus Lëtzebuerg, ouni awer formell an d'Herzogtum Lëtzebuerg intégréiert ze ginn. 1437 ass d'Haus Lëtzebuerg, dat jo Keeseren ervirbruecht hat, ausgestuerwen, an d'Herzogtum Lëtzebuerg koum 1441/43 an de Besëtz vum deemolegen Herzog vu Burgund, dem Philipp de Gudden. D'Herzogtum gouf domatter een Deel vun de Burgundeschen Nidderlanden. Déi gounge 1477, nom Doud vum Karel de Kéngen an duerch d'Bestiednes vun deem senger Duechter Marie de Bourgogne mam Maximilian vun Habsburg, un d'Haus Habsburg. Duerch Ierfschaft koum Lëtzebuerg spéider, 1556, an d'Hänn vum spuenesche Kinnek Philipp II. Vun do un heeschen d'Gebidder, déi als Nidderlande bezeechent ginn, Spuenesch Nidderlanden. 1581, no de Konfessiounskricher, hu sech d'Nidderlande gedeelt, d'Herzogtum Lëtzebuerg war vun do un Deel vun de Südlechen Nidderlanden, déi och einfach weider Spuenesch Nidderlanden oder nach kathoulesch Nidderlanden genannt gi sinn. Frankräich, dat d'Ëmklamerung duerch d'Habsburger sprenge wollt a gläichzäiteg de Rhäin als Grenz erreeche wollt, huet sech och fir d'Nidderlanden intresséiert, an dofir koum et ëmmer nees zu Kricher. Nom Drëssegjärege Krich an dem spuenesch-franséische Kontinuatiounskrich koum ët 1659 zum Traité vun de Pyrenäen an deem, ë.a., décidéiert gouf, datt Deeler vum Herzogtum Lëtzebuerg u Frankräich kéimen (Diddenuewen, Montmédy, Ivoix, asw.). 1684 huet de Louis XIV. d'Festung Lëtzebuerg eruewert, an d'Herzogtum huet de facto bis 1697 zu Frankräich gehéiert. 1713/1714, nom Spueneschen Ierffollegkrich, goungen d'Südlech Nidderlanden, inklusiv Lëtzebuerg, un déi éisträichesch Habsburger-Linn. Déi Éisträichesch Period huet bis zum éischte Koalitiounskrich gedauert, an der Eruewerung vun den Éisträicheschen Nidderlanden duerch d'Franséisch Revolutiounstruppen 1794/95. D'Herzogtum Lëtzebuerg, grad ewéi och déi aner Fürstentümer, déi d'Nidderlanden ausgemaach haten, sinn ofgeschaaft ginn. D'Fransousen hunn 9 Départements réunis (à la France) am Plaz vun de fréieren Nidderlanden a vun den onofhängege Principautéite vu Léck, Stavelot-Malmedy a Bouillon agefouert. Dem alen Herzogtum Lëtzebuerg säi Gebitt ass op dräi Departementer verdeelt ginn : Departement Forêts, Departement Sambre-et-Meuse an Departement Ourthe. Duerch den Traité vu Campo-Formio, am Oktober 1797, huet Éisträich zu Gonschte vu Frankräich op déi südlech Nidderlande verzicht. Domat waren och d'Awunner vum ale Lëtzebuerger Raum internationalrechtlech Fransousen.

D'Groussherzogtum
Um Wiener Kongress 1815 gouf dat viregt Herzogtum Lëtzebuerg vun den europäesche Groussmuechten net "restauréiert". D'Preisen, déi d'Ostufer vun der Musel scho besat haten, kruten nach all déi al lëtzebuergesch Gebidder ëstlech vun der Our, mat Ausnahm vu Veianen, an déi ëstlech vun der Sauer. Aus dem Gebitt vum Département des Forêts an Deeler vum Departement Sambre-et-Meuse ass, aus reng strategesch-diplomateschen an dynastesche Grënn, een neie Staat geschafe ginn: dat "onofhängegt" Groussherzogtum. De Wëllem vun Oranien-Nassau, dee grad kuerz virdrun als hollännesche Kinnek Wëllem I. unerkannt gi war, gouf a Personalunioun Groussherzog vu Lëtzebuerg. Den neie Lëtzebuerger Staat gouf, aus strategesche Grënn, och an den Däitsche Bond (eng Zort Ersatzräich) integréiert, an d'Festung Lëtzebuerg gouf eng "Bundesfestung", wat dem preisesche Kinnekräich d'Garnisounsrecht erméiglecht huet. Vun Zäit zu Zäit sollten d'Vertrieder vun deene ronn 40 Länner, déi am Däitsche Bond waren, sech ënner dem Virsëtz vum Keeser vun Éisträich zu Frankfurt treffen. Well de Wëllem I., dee Kinnek vun de Vereenegten Nidderlande wor, och als Herrscher vu Lëtzebuerg ewéi ee Kinnek wollt behandelt ginn, huet hien um Wiener Kongress drop gehale fir "Grouss"-Herzog ze ginn, also eng "königliche" Hoheit ("altesse royale"), wat en als "einfachen" Herzog vu Lëtzebuerg net hätt kënne sinn. Dat ass d'Erklärung, firwat Lëtzebuerg als Grand-Duché nei entstanen ass ('t huet deemno näischt mat der Gréisst vum Land ze dinn). 1830 huet dem Wëllem I. seng onglécklech-ongerecht Politik a senge Südprovënzen d'Belsch Revolutioun ausgeléist, déi och ee gudden Deel vun de Lëtzebuerger begeeschtert huet, well hien, eise Grand-Duc, säi Grand-Duché praktesch ëmmer nëmmen ewéi déi 19. Provënz vu sengem Räich behandelt hat. 1839, néng Joer no der Grënnung vun der Belsch, gouf um Traité vu London, no langem Hin an Hier, d'Groussherzogtum an zwee gedeelt: de westlechen Deel, deen haaptsächlech romanesch (Wallounesch a Louthrengesch) war, gouf als Provënz Lëtzebuerg der Belsch zougesprach, an den ëstlechen Deel ass, weiderhinn als Grand-Duché, beim Wëllem I. bliwwen. Kuerz dono huet de Wëllem I. ofgedankt, an et gouf geschwënn dru geschafft, fir aus Lëtzebuerg wierklech een eegestännege Staat ze maachen.

1848, ënner dem Wëllem II., krut Lëtzebuerg seng éischt eege Konstitutioun, deemols eng vun deene liberalste, mee schonns 1856 huet de Wëllem III., duerch e Staatsstreech, deen Text nees ausser Kraaft gesat. Mam Bau vun engem Eisebunnséseau krut Lëtzebuerg vun 1858 un Uschloss un d'Nopeschlänner, an d'Entdeckung vun neie Produktiounsmethoden hunn der Entwécklung vun der Eiseninsdustrie am Minett e groussen Opschwong ginn, esou datt Lëtzebuerg wirtschaftlech ewell besser do stoung. D'Integratioun vu Lëtzebuerg an den Däitschen Zollveräin, vun 1842 un, hat allerdéngs schonn déck zu dësem Opschwong bäigedroën...1867, ee Joer no der preisescher Victoire géint Éisträich bäi Königgrätz (od. Sadowa) an dem Ënnergang vum Däitsche Bond, koum ët bal zum Verkaf vum Lëtzebuerger Land duerch de Wëllem III. un den Napoléon III., Keeser vun de Fransousen. Am däitsche Raum war vill Oppositioun géint dëse Projet, a fir wéint der Lëtzebuerg-Kris e Krich tëschent Preisen a Frankräich ze verhënneren, gouf an engem neien Traité vu London Lëtzebuerg als fir ëmmer neutral an onofhängeg erkläert: d'Preisen, déi hir Garnisoun no 1866 zu Lëtzebuerg "vergiess" haten, hunn hir Zaldote mussen ofzéien, an d'Festung ass geschläift ginn. 1868 krut Lëtzebuerg, an deem neie Kontext, och eng nei Kontitutioun, een Text, deen an der Haaptsaach d'Verfaassung vun 1848 reproduzéiert huet. 1870/73 gouf d'Land zu engem eegene Bistum gemaach, an de Mgr Adames ass éischte Bëschof vu Lëtzebuerg ginn. 1890 hat dat hollännescht Herrscherhaus vun Oranien-Nassau kee männlechen Nokomme fir op de lëtzebuergeschen Troun, an esou krut d'Land, an der Persoun vum Adolf vun Nassau, dee säin Herzogtum 1866 u Preise verluer hat, säin "eegenen" Herrscher a säin "eegent" Herrscherhaus (dat vun Nassau-Weilburg).

D'éiweg Neutralitéit huet 1914-1918 a 1940-1944/45 Däitschland net dorunner gehënnert, Lëtzebuerg am Éischten an am Zweete Weltkrich ze besetzen. Am Zweete Weltkrich gouf Lëtzebuerg de facto wéi e Reichsgebiet behandelt. Am Ufank mat schéi Schwätzen, dono mat Terror, hunn d'Besatzer probéiert, d'Lëtzebuerger dovunner z'iwwerzeegen, datt si Heim ins Reich géife gehéieren. Eng lëtzebuergesch Minoritéit, déi ofschätzeg "Gielemännercher", genannt gouf, huet mat den Nazië collaboréiert. Vun 1942 sinn d'Lëtzebuerger an d'Wehrmacht agezu ginn. 1944/45 gouf den Norde vum Land wärend der Ardennenoffensiv uerg zerstéiert.

Nom Krich huet Lëtzebuerg seng Neutralitéit opginn an ass Member vun enger Rëtsch inter- oder supranationalen Organisatiounen ginn, dorënner dem Benelux, der NATO an der CECA, dem éischte Virleefer vun der EU.

Politik
Lëtzebuerg ass eng repräsentativ Demokratie, a Form vun enger konstitutioneller Monarchie mat engem Groussherzog als Chef vum Land.

E Parlament, Chamber genannt, gëtt fir 5 Joer gewielt; 60 Deputéierte vertriede véier Walbezierker. Déi ablacklech Regierung ass eng Koalitiounsregierung vun CSV an LSAP, ënner dem Premierminister Jean-Claude Juncker. D'Opdeelung vun den Sëtzer ass déi heiten: d'Chrëschtlech Sozial Vollekspartei (chrëschtdemokratesch) 26 Sëtzer, d'LSAP (sozialistesch) 13 Sëtzer, d'Demokratesch Partei (liberal) 9 Sëtzer, Déi Gréng (gréng) 7 Sëtzer, d'Alternativ Demokratesch Reformpartei (konservativ) 4 Sëtzer an Déi Lénk 1 Sëtz. D'KPL an d'Biergerlëscht sinn net an der Chamber vertrueden.

Um Plang vun der Europäescher Unioun ass Lëtzebuerg duerch sechs Deputéiert (vun am Ganze 754) am Europäesche Parlament vertrueden. Am Ministesch-Conseil huet et 4 Stëmmen (op 345).

D'Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Verfassung seet (no enger Ännerung vun 1948), datt e Gesetz de Sproochegebrauch reegelt. Dës Gesetz vum 24. Februar 1984[2] leet fest, datt d'Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger d'Lëtzebuergesch ass; datt d'Gesetzestexter an hir Bestëmmungen, wéi s'auszeféiere sinn, op Franséisch geschriwwe ginn; an datt ee, wat d'Verwaltungssproochen a juristesch Sprooche betrëfft, vum Franséischen, Däitschen oder Lëtzebuergesche Gebrauch maache kann. Bierger kënnen eng Demande un d'Verwaltung op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch schreiwen, d'Äntwert muss, esou wäit wéi méiglech, an deer selwechter Sprooch sinn.

Am Géigesaz zu Länner wéi z.B. der Schwäiz oder der Belsch, wou je no Regioun verschidde Sprooche geschwat ginn, ass d'Distributioun vun de Sproochen net geographesch, mee fonctionnell an individuell ("Polyglossie").

D'Lëtzebuergesch huet sech lues a lues an der Perzeptioun vun de Lëtzebuerger vun enger Variant vum Däitschen (Onst Däitsch) zu enger eegener Sprooch gewandelt. Och vum Gebrauch hir ass et an deene leschte Jorzéngten iwwer déi traditionnell Domäne vun engem Dialekt erausgewuess a gëtt haut vun der Fuerschung als déi neist germanesch Sprooch ugesinn.